10122018

Dag vun de Mënscherechter

Den 10. Dezember 1948 hunn 58 Staten déi Allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter ënnerschriwwen. Dat si lo 70 Joer hir. Fir dorunner ze erënneren gëtt all Joer den 10. Dezember um Dag vun de Mënscherechter eng Amnesty-Käerz ugefaang. Et ass e Symbol fir un d'Affer vu Mënscherechtsverletzungen ze denken. Deen Dag sinn all Fënstere vun eiser Schoul vu Käerzen erhellt. Mir feieren den Dag vun de Mënscherechter dëst Joer méindes den 10. Dezember.

Dëst Joer steet  d'Käerzecampagne am Zeeche vu Mënscherechtsaktivistinnen.  

Duerch de Verkaf vun de Käerze komme Mënsche fräi an et gi Liewe gerett!

Dir kënnt op der Homepage vun amnesty Lëtzebuerg Petitiounen fir 9 Aktivistinnen ënnerschreiwen.

https://www.amnesty.lu/ecrire-pour-les-droits/#.XAAn8CeNyEL