Dernières actualités

D'Nordstadjugend huet eng virtuell Porte-Ouverte gestart fir Premières- an Treizième-Schüler/innen, well déi sech lo mussen iwerléen, wou hir Zukunft higeet a wou a wat se studéiere wëllen.

Duerch di momentan Situatioun goufe jo bal all Porte-Ouverte vun den Universitéiten an den Héichschoulen ofgesot. Dofir hu mir en Opruff un Studente gemaach, déi egal a wéi engem Land, egal wéi e Fach studéieren an hir Informatiounen dozou wëlle weiderginn.

Iwwer eis Facebook-Seit „Nordstadjugend asbl"  https://www.facebook.com/Nordstadjugend-asbl-434813526602644/?epa=SEARCH_BOX

kann all Dag sech een/eng Student/in an engem kuerze Video virstellen, haaptsächlech wat se studéieren an och wou. Dono kennen da Premières-/Treizièmesschüler/innen hir Froen un déi Leit stelle wat se zu dem Studiegang oder zur der Studentestad wësse wëllen.

Dir fannt déi jeweileg Video'en och op eiser Hommepage www.nordstadjugend.lu

http://2019.nordstadjugend.lu/maumli-studium-aus-der-stuff.html

Dat ganzt nennt sech: „Mäi Studium aus der Stuff"

Wann Dir wëllt, kënnt Dir gären all Dag (méindes-freides) eise Video deelen, respektiv un Är Schüler weiderleeden.

Mir kënnen Iech awer och all Dag e Link zum Video schécken, deen dir dann och iwwert Är Homepage deele kënnt.

 Wann Dir Froen hutt oder weider Informatioune braucht, zéckt net mech ze kontaktéieren, am beschten iwwer Mail (diane@nordstadjugend.lu)