Animatrice en aumônerie scolaire

Wann dir d'Foto kuckt vum Team vun der Aumônerie, da gesitt dir een neit Gesiicht. Dat sinn ech : d'Linda Schuster.

Ech sinn 31 Joer al a liewen an der Géigend vu Miersch op engem Bauerenhaff mat mengem Liewenspartner.

A menger Fräizäit këmmeren ech mech em eis Déieren. Niewebäi sinn ech schon 22 Joer laang mat Läif a Séil ee Scout.

Bis viru kuerzem hunn ech nach als Reliounsenseignante an der Grondschoul geschafft.

Elo kënnt awer eng nei,spannend Zäit fir mech , wou ech hei am St. Anne als „Animatrice en aumônerie scolaire'' ka schaffen.

Fir mech heescht dat virun allem datt ech fir jiddereen vun iech do sinn, an iech op ärem Liewenswee an der Schoul zesummen mat Gott ee Stéck wëll begleeden.

Ech free mech drop Iech all kennenzeléieren.

Linda Schuster